{"id":2602,"date":"2019-07-15T14:14:14","date_gmt":"2019-07-15T12:14:14","guid":{"rendered":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/?p=2602"},"modified":"2019-07-15T14:14:14","modified_gmt":"2019-07-15T12:14:14","slug":"carte-blanche-08-07-2019","status":"publish","type":"post","link":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/carte-blanche-08-07-2019\/","title":{"rendered":"De Premi\u00e8resdiplom an der T\u00e4sch, \u2026 an elo?"},"content":{"rendered":"<p style=\"text-align: justify;\"><strong><span lang=\"LB-LU\">De Premi\u00e8resdiplom an der T\u00e4sch, \u2026 an elo?<\/span><\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>gesehen Gaston TERNES (*)<\/em><\/p>\n<audio class=\"wp-audio-shortcode\" id=\"audio-2602-1\" preload=\"none\" style=\"width: 100%;\" controls=\"controls\"><source type=\"audio\/mpeg\" src=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2019\/07\/carte-blance-08-07-2019.mp3?_=1\" \/><a href=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2019\/07\/carte-blance-08-07-2019.mp3\">http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2019\/07\/carte-blance-08-07-2019.mp3<\/a><\/audio>\n<p style=\"text-align: justify;\"><i><span lang=\"LB-LU\"><br \/>\nEng 2.800 Jonker hunnn des Deeg de Premi\u00e8resdiplom kritt a si \u201cstud\u00e9ierf\u00e4heg\u201d oder och \u201cprett fir an d\u2019Beruffswelt\u201d. Sinn d\u00e9i Inhalter d\u00e9i haut gel\u00e9iert an ofgepr\u00e9ift ginn nach ugepasst? \u00a0De Gaston Ternes (*) geet a senger Carte blanche op d\u00e9i eminent wichteg Roll vun de Schoulprogrammer an deem Kontext an.<\/span><\/i><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">Elo, wou d\u2019Premi\u00e8resexamen fir d\u00ebst Joer er\u00ebm ofgeschloss sinn, ass et ee gudde Moment sech mat de Programmer ze befaassen. Zil vun de Schoulprogrammer ass et d\u00e9i Jonk op d\u2019Liewe vu muer virzebereeden, hinne breet Grondkenntnisser a Culture g\u00e9n\u00e9rale mat op de Wee ze ginn, fir mat ganz neie Kontexter eens ze ginn. <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">Haut ass awer eppes revolution\u00e4r anescht w\u00e9i nach viru 50 Joer, an dat ass d\u2019Vitess mat d\u00e4r nei Kenntnisser derb\u00e4i kommen. De Richard Buckminster Fuller huet scho 1982 mat senger \u201cknowledge doubling curve\u201d beschriwwen a w\u00e9i enger Z\u00e4itspann sech den Total vun de m\u00ebnschleche Kenntnisser verduebelt.\u00a0 War d\u00ebst nach nom 2. Weltkrich eng Z\u00e4itspann vu 25 Joer, esou sinn et haut nach just 13 M\u00e9int. 13 M\u00e9int brauch et, bis dat wat haut gewosst ass, sech verduebelt huet. <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">Wat muss d\u2019\u00c4ntwert vun der Schoul op des Kenntnisflut sinn? \u00cbmmer m\u00e9i Programminhalter? Abee, d\u2019\u00c4ntwert op des Fro ass ee klore Nee. <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">An engem Kontext, wou haut all Informatioun \u2013 op richteg oder falsch &#8211; iwwert e puer Klicken direkt oprufbar ass, ass d\u2019kritescht an d\u2019konstruktiivt \u00cbmgoen mat d\u00ebsen Informatiounen den \u201cAlpha an Omega\u201d vun de Schl\u00ebsselkompetenzen. <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">D\u2019Schoulprogrammer sollen heib\u00e4i esou konzip\u00e9iert sinn, dass no a no Interessen an Talenter vum Jonken a m\u00e9i Domainen ervirgehuewe ginn. Am Cycle sup\u00e9rieur vum Secondaire, misst jidder Jonken sech k\u00ebnnen a Form vu Modullen seng eege Priorit\u00e9iten wielen, mat engem kloren Zil virun Aen: sp\u00e9ider, no der Premi\u00e8re, sech k\u00ebnne fir m\u00e9i verschidde Spezialisatiounen ze decid\u00e9ieren. \u00cbmmer m\u00e9i w\u00e4ert dob\u00e4i een hybride Profil gefrot sinn: eng Kombinatioun also vu Studien a Kenntnisser a bis elo ganz verschiddene Ber\u00e4icher, atypesch Profiller eben. Den 1. Juni d\u00ebst Joer ass de Michel Serres gestuerwen: \u201cEe Fouss an de W\u00ebssenschaften, ee Fouss an den Humanit\u00e9iten\u201d huet d\u00ebsen exzeptionelle M\u00ebnsch de Wee virgezeechent. Et muss a ka net jiddereen ee Michel Serres sinn, mee ech w\u00ebll awer kloer soen, dass een a m\u00e9i w\u00e9i engem Domaine muss gutt sinn, fir d\u2019Welt vun haut ze verstoen. <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><span lang=\"LB-LU\">\u00a0\u201cL\u00e9ieren\u201d kann ee mat enger Rees vergl\u00e4ichen: wann ze vill Inhalter op ee gew\u00ebsse Moment ugepaakt ginn, dann ass de Risiko grouss, dass alles just iwwerfl\u00e4chlech bleift a vl\u00e4icht guer net verstane g\u00ebtt. A wann een op enger Plaz ass, da soll een sech alles aus m\u00e9i Perspektiven ukucke k\u00ebnnen! <\/span><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><i><span lang=\"LB-LU\">(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lyc\u00e9e Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibl\u00e9iere generell Erz\u00e9iungsw\u00ebssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.<\/span><\/i><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>\u00a0<\/em><\/p>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Premi\u00e8resdiplom an der T\u00e4sch, \u2026 an elo? vum Gaston TERNES (*) Eng 2.800 Jonker hunnn des Deeg de Premi\u00e8resdiplom kritt a si \u201cstud\u00e9ierf\u00e4heg\u201d oder och \u201cprett fir an d\u2019Beruffswelt\u201d. Sinn d\u00e9i Inhalter d\u00e9i haut gel\u00e9iert an ofgepr\u00e9ift ginn nach ugepasst? \u00a0De Gaston Ternes (*) geet a senger Carte blanche&#8230;<\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[42],"tags":[],"class_list":["post-2602","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-eduquer"],"_links":{"self":[{"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2602","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2602"}],"version-history":[{"count":2,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2602\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2605,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2602\/revisions\/2605"}],"wp:attachment":[{"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2602"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=2602"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"http:\/\/www.gastonternes.eu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=2602"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}