Buch Maths : Plaisir & Réussite, geschriwwe vum Christophe a vum Gaston Ternes
D’Zil vun den 2 Joer Aarbecht ass et, Mathematik net just ze verstoen, mee mat Freed ze entdecken!
Zevill Schüler gesinn d’Mathé als eng Barrière. Dëst neit Léierbuch soll Hëllef, Inspiratioun a Spaass gläichzäiteg sinn – fir Schüler, Elteren a Léierpersonal.
Et riicht sech un d'Schüler vu Septième am lëtzebuerger Schoulsystem wéi och u Schüler an de franséischsproochege Sektioune vun den Europaschoulen (Joergang S1), mee och u Schüler a Belgien a Frankräich (1. Joer Secondaire).
Gläichzäiteg ass et eng Ressource fir déi méi héich Klassen, fir Basiskenntnisser opzefrëschen.
Wat Maths : Plaisir & Réussite eenzegaarteg mécht:
- Iwwer 500 geléist Exercicen aus de Beräicher Théorie des ensembles, Arithmetik, Algeber a Geometrie
- Online-Resuméë fir autonomt Léieren
- Phänomener aus dem Alldag an aus der Natur
- Inspiratioun fir Léierpersonal
- Konkret Hëllef fir Elteren fir d’Begleeden doheem
- Innovativ an digital Léiermethoden