{"id":2896,"date":"2024-06-01T20:34:43","date_gmt":"2024-06-01T18:34:43","guid":{"rendered":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/?p=2896"},"modified":"2024-06-02T13:30:31","modified_gmt":"2024-06-02T11:30:31","slug":"crte-blanche-du-31-mai-2024_-notre-societe-seffondre","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/crte-blanche-du-31-mai-2024_-notre-societe-seffondre\/","title":{"rendered":"Carte blanche vum 31.5.2024 - Eis Gesellschaft ger\u00e9it aus de Fouen ... a kee mierkt et?"},"content":{"rendered":"<h1>Eis Gesellschaft ger\u00e9it aus de Fouen ... a kee mierkt et?<\/h1>\n<p>Eisen Alldag g\u00ebtt \u00ebmmer m\u00e9i vun Intoleranz, vireilege Jugementer, Fake news a verbaler Aggressioun gepr\u00e4\u00e4gt. D\u2019sozial Medie sinn een dagdeeglecht Beispill heifir.\n\nKeng Altersgrupp bleift verschount. Dob\u00e4i kommen Hektik, Stress a finanziell Suergen. Ger\u00e9it eis ganz Gesellschaft aus de Fouen ... a kee mierkt et? Wat ass d\u2019Roll vun der Politik? D\u00e4r Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte Blanche no.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D'Thema vun haut ass net spezifesch l\u00ebtzebuergesch, et betr\u00ebfft eis sougenannt \"westlech\" Gesellschaft, d'Aart a Weis w\u00e9i mir zesumme liewen, d'Aart a Weis och w\u00e9i d'Politik d\u00ebst begleet. Ech gr\u00e4ifen, aus enger Panoplie, 2 ganz extrem Beispiller eraus, w\u00e9i d'Politik am \u00e9ischte Fall regul\u00e9iert, am zweete kapitul\u00e9iert!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Groussbritannien huet grad ee Gesetz ugeholl fir Asylbewerber an de Ruanda ze deport\u00e9ieren. Virun 2 Joer hat den Charles III, deemools nach Pr\u00ebnz vu Wales, d\u00ebse Gesetzesprojet eng \"fuerchtbar Iddi \"genannt. Hien huet d\u00ebst Joer Enn Abr\u00ebll als Kinnek d'Gesetz \u00ebnnerschriwwen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Irrit\u00e9iert ass een, dass et och an der europ\u00e4escher Gemeinschaft St\u00ebmme g\u00ebtt, d\u00e9i des m\u00ebnscheveruechtend Solutioun an d'A faassen. Virun enger Woch huet den \u00e9istr\u00e4ichesche Bundeskanzler Karl Nehammer d\u00ebse brittesche \"Ruanda Modell\" gelueft! W\u00e9i k\u00ebnne M\u00ebnschen d\u00e9i demokratesch W\u00e4erter vertriede sollen, esou inhuman Decisiounen huelen? Kee Verfechter vun der Iddi interess\u00e9iert sech fir d'Situatioun am Ruanda selwer, w\u00e9i d\u00ebst Land mat senger eegener Fl\u00fcchtlingsproblematik konfront\u00e9iert ass. Honnert Dausende ruandesch Fl\u00fcchtlinge w\u00eblle s\u00e4it Joren an hier Heemecht zer\u00e9ckkommen. Kee schw\u00e4tzt vum dramatesche Ch\u00f4mage Taux am Ruanda.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Ee ganz anert Beispill aus Europa sief eraus gegraff: D\u00e9i mental Gesondheet vu ville Kanner a Jugendlechen ass net gutt. D'Hektik vun de Kanner huet hiren Nidderschlag bis an de Klasseraum. An der Schoul ginn \u00ebmmer m\u00e9i \"am\u00e9nagements sp\u00e9cifiques\" n\u00e9ideg, fir verhalensopf\u00e4lleg Kanner ze begleeden. Des Mesur\u00eb komme mir vir, w\u00e9i Gepl\u00e9ischters, ouni op d'Ursaachen anzegoen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D'Altersmoyenne, wou d'Kanner fir d'\u00e9ischt pornografesche Biller ausgesat ginn, l\u00e4it m\u00ebttlerweil bei 10 Joer! Den Acc\u00e8s zu Videoclips a Filmer mat extremer Gewalt ass onbegrenzt. Vill ze s\u00e9ier geroden d'Kanner an d'Netz vun de soziale Reseauen, d\u00e9i si der Diktatur vum Bl\u00e9ck vum Aneren a vernichtender Kritik aussetzen. D'Politik ass hei \"aux abonn\u00e9s absents\". Si regul\u00e9iert net.<\/p>\n<p>Iwwert Joerz\u00e9ngten ewech, hu Regierunge St\u00e9ck fir St\u00e9ck, d\u00e9i human W\u00e4erter systematesch hannert d'ekonomesch Interessie gesat. Si hunn d'Ae virun de kollateral Schied zougemaach. \"La croissance \u00e9conomique se fait au prix d'un effondrement intellectuel, culturel, psychologique et spirituel\", schreift et de frans\u00e9ischen Auteur Laurent Gounelle ganz treffend a sengem rezente Buch \"Le r\u00e9veil\".\nW\u00e9ini erw\u00e4che mir, w\u00e9ini erw\u00e4chen d'Politiker a bes\u00ebnne sech op hiert K\u00e4rgesch\u00e4ft zr\u00e9ck?<\/p>\n<p>\"Polis\", aus dem algriicheschen, am S\u00ebnn vu Gestaltung a Reegelung vun harmoneschem Zesummeliewen, vu kollektivem Bewosstsinn!<\/p>\n<audio class=\"wp-audio-shortcode\" id=\"audio-2896-1\" preload=\"none\" style=\"width: 100%;\" controls=\"controls\"><source type=\"audio\/mpeg\" src=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/2024-05-31-carte-blanche.mp3?_=1\" \/><a href=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/2024-05-31-carte-blanche.mp3\">http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/2024-05-31-carte-blanche.mp3<\/a><\/audio>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Notre soci\u00e9t\u00e9 s&rsquo;effondre, &#8230; et personne ne s&rsquo;en rend compte ? Notre quotidien est de plus en plus marqu\u00e9 par l\u2019intol\u00e9rance, les jugements pr\u00e9matur\u00e9s, les fausses nouvelles et les agressions verbales. Les r\u00e9seaux sociaux en sont un exemple quotidien. Aucune tranche d\u2019\u00e2ge n\u2019est \u00e9pargn\u00e9e. Ajoutez \u00e0 cela l\u2019agitation, le stress&#8230;<\/p>","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[],"class_list":["post-2896","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-non-classe"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2896","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2896"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2896\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2899,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2896\/revisions\/2899"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2896"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=2896"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=2896"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}