{"id":4288,"date":"2024-11-26T18:37:55","date_gmt":"2024-11-26T17:37:55","guid":{"rendered":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/?p=4288"},"modified":"2025-02-10T08:51:32","modified_gmt":"2025-02-10T07:51:32","slug":"carte-blanche-rtl-_-25-novembre-2024_-noir-ou-blanc","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/carte-blanche-rtl-_-25-novembre-2024_-noir-ou-blanc\/","title":{"rendered":"Schwaarz oder w\u00e4iss!\n4775 \u00cbnnerschr\u00ebften huet d\u2019Petitioun 3176 kritt, d\u00e9i de 4. November an der Chamber virgedroe gouf: si huet zum Ziel de Smartphon\u00eb generell an der Enceinte vun der Schoul ze verbidden. Petitioune leien am Trend. Dozou eng Carte blanche vum Gaston Ternes. \nPetitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engag\u00e9ierte Bierger d\u2019M\u00e9iglechkeet seng Meenung \u00ebffentlech ze soen, an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder d\u00e9i an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decid\u00e9ieren.\nEng Fro geet mir awer duerch de Kapp: g\u00ebtt et nach just schwaarz oder w\u00e4iss, ouni T\u00ebschen Nuancen? D\u00e9i rezent Diskussioun iwwert de generellen Handy Verbuet an der Schoul deet mech nodenken:  Geet et ewell duer a Saache \u201cBildung\u201d mat \u201cgutt\u201d oder \u201cschlecht\u201d z\u2019\u00e4ntweren? Et m\u00e9cht kee S\u00ebnn, den Handy total ze verbidden; genau esou m\u00e9cht et kee S\u00ebnn den Handy \u00ebmmer an iwwerall zouzeloossen! D\u2019Thema passt einfach net an eng bin\u00e4r Schinn, an een Null oder Eent. \u201cMedie musse gel\u00e9iert ginn, net verd\u00e4iwelt\u201d, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen d\u00e9i esou wuel an der Famill w\u00e9i och an der Schoul train\u00e9iert musse ginn. \nA Schoulfroen ass et d\u00e4ers \u201cGutt oder schlecht\u201d deslescht bal n\u00ebmme m\u00e9i: international oder l\u00ebtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d\u2019Gelee\u00ebnheet ze notzen fir ee systemateschen Echange iwwert \u201cbest practices\u201d! \nJidderee kann haut direkt matschw\u00e4tzen, dacks n\u00ebmmen iwwert en \u201cDaum h\u00e9ich\u201d oder en \u201cDaum erof\u201d, oder och iwwert en Emoji s\u00e9ier ee Gefill lasszeginn. D\u2019Nuanc\u00eb bleiwen op der Streck. D\u2019Komplexit\u00e9it vun der Fro g\u00ebtt ausgeklammert. Kee Siche no engem Komprom\u00ebss. Firwat deen Trend an eiser Z\u00e4it \u2026? \nEe Grond si s\u00e9cher d\u2019Filter bubbles, d\u00e9i esouwuel  an den Internet  Sichmaschinne w\u00e9i och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach ees\u00e4iteg Kommentaren an Informatiounen, d\u00e9i genau eisen Interessien entspriechen; d\u2019G\u00e9iges\u00e4it spillt den Algorithmus eis net zou.\nWann Dir n\u00ebmme mat \u00c4rer eegener Meenung konfront\u00e9iert sidd, \u00ebmmer just best\u00e4tegt gitt, da wunnt dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch \u201cThe Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.\u201d \nMeng Ufanksfro werft nei Froen op: Toler\u00e9iere mir einfach, dass  r\u00fccksichtslos Internet- a Social Media Big Player all Meenungsvilfalt um Altor vun hirem Profit opferen? W\u00e4r et net Z\u00e4it fir ee G\u00e9igesteieren duerch eng konsequent Opkl\u00e4rung zum Fonctionnement vun de Filter Blosen an duerch en aktiven Training vum \u201cDebating\u201d, am beschten am selwechte reelle Raum?"},"content":{"rendered":"<audio class=\"wp-audio-shortcode\" id=\"audio-4288-1\" preload=\"none\" style=\"width: 100%;\" controls=\"controls\"><source type=\"audio\/mpeg\" src=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2024-11-25-Carte-blanche-1.mp3?_=1\" \/><a href=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2024-11-25-Carte-blanche-1.mp3\">http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2024-11-25-Carte-blanche-1.mp3<\/a><\/audio>\n<h1>Schwaarz oder w\u00e4iss<\/h1>\n<p><em>Petitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engag\u00e9ierte Bierger d\u2019M\u00e9iglechkeet seng Meenung \u00ebffentlech ze soen, an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder d\u00e9i an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decid\u00e9ieren. <\/em><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Les p\u00e9titions sont positives en soi : elles donnent au citoyen engag\u00e9 la possibilit\u00e9 d&rsquo;exprimer publiquement son opinion, et ceci au Parlement, l&rsquo;institution des repr\u00e9sentants \u00e9lus qui d\u00e9cident pour nous dans notre d\u00e9mocratie parlementaire.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Eng Fro geet mir awer duerch de Kapp: g\u00ebtt et nach just schwaarz oder w\u00e4iss, ouni T\u00ebschen Nuancen? D\u00e9i rezent Diskussioun iwwert de generellen Handy Verbuet an der Schoul deet mech nodenken:  Geet et ewell duer a Saache \u201cBildung\u201d mat \u201cgutt\u201d oder \u201cschlecht\u201d z\u2019\u00e4ntweren? Et m\u00e9cht kee S\u00ebnn, den Handy total ze verbidden; genau esou m\u00e9cht et kee S\u00ebnn den Handy \u00ebmmer an iwwerall zouzeloossen! D\u2019Thema passt einfach net an eng bin\u00e4r Schinn, an een Null oder Eent. \u201cMedie musse gel\u00e9iert ginn, net verd\u00e4iwelt\u201d, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen d\u00e9i esou wuel an der Famill w\u00e9i och an der Schoul train\u00e9iert musse ginn.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>A Schoulfroen ass et d\u00e4ers \u201cGutt oder schlecht\u201d deslescht bal n\u00ebmme m\u00e9i: international oder l\u00ebtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d\u2019Gelee\u00ebnheet ze notzen fir ee systemateschen Echange iwwert \u201cbest practices\u201d!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Jidderee kann haut direkt matschw\u00e4tzen, dacks n\u00ebmmen iwwert en \u201cDaum h\u00e9ich\u201d oder en \u201cDaum erof\u201d, oder och iwwert en Emoji s\u00e9ier ee Gefill lasszeginn. D\u2019Nuanc\u00eb bleiwen op der Streck. D\u2019Komplexit\u00e9it vun der Fro g\u00ebtt ausgeklammert. Kee Siche no engem Komprom\u00ebss. Firwat deen Trend an eiser Z\u00e4it \u2026?<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Ee Grond si s\u00e9cher d\u2019Filter bubbles, d\u00e9i esouwuel  an den Internet  Sichmaschinne w\u00e9i och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach ees\u00e4iteg Kommentaren an Informatiounen, d\u00e9i genau eisen Interessien entspriechen; d\u2019G\u00e9iges\u00e4it spillt den Algorithmus eis net zou.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Wann Dir n\u00ebmme mat \u00c4rer eegener Meenung konfront\u00e9iert sidd, \u00ebmmer just best\u00e4tegt gitt, da wunnt dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch \u201cThe Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.\u201d<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Meng Ufanksfro werft nei Froen op: Toler\u00e9iere mir einfach, dass  r\u00fccksichtslos Internet- a Social Media Big Player all Meenungsvilfalt um Altor vun hirem Profit opferen? W\u00e4r et net Z\u00e4it fir ee G\u00e9igesteieren duerch eng konsequent Opkl\u00e4rung zum Fonctionnement vun de Filter Blosen an duerch en aktiven Training vum \u201cDebating\u201d, am beschten am selwechte reelle Raum?<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Noir ou blanc ! La p\u00e9tition 3176, d\u00e9pos\u00e9e le 4 novembre au Parlement, a recueilli 4775 signatures : elle vise \u00e0 interdire les smartphones de mani\u00e8re g\u00e9n\u00e9rale dans l&rsquo;enceinte des \u00e9coles. Les p\u00e9titions sont \u00e0 la mode. A ce sujet, une carte blanche de Gaston Ternes. &nbsp; Les p\u00e9titions sont&#8230;<\/p>","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[34,42,1],"tags":[],"class_list":["post-4288","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-articles","category-eduquer","category-non-classe"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/4288","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=4288"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/4288\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":5100,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/4288\/revisions\/5100"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=4288"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=4288"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=4288"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}