{"id":5588,"date":"2025-09-23T17:03:25","date_gmt":"2025-09-23T15:03:25","guid":{"rendered":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/?p=5588"},"modified":"2025-09-23T17:06:02","modified_gmt":"2025-09-23T15:06:02","slug":"carte-blanche-du-12-septembre-2025-manifeste-pour-une-ecole-qui-construit-des-ponts","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/carte-blanche-du-12-septembre-2025-manifeste-pour-une-ecole-qui-construit-des-ponts\/","title":{"rendered":"Carte blanche vum 12. September 2025: Manifest fir eng Schoul d\u00e9i Br\u00e9cke baut!"},"content":{"rendered":"<p>Zu L\u00ebtzebuerg huet d\u2019Schoul haut zwee Gesiichter. Op d\u00e4r enger S\u00e4it steet d\u00e9i national Schoul mat hirer dr\u00e4isproocheger Traditioun: L\u00ebtzebuergesch, D\u00e4itsch, Frans\u00e9isch. Op d\u00e4r anerer S\u00e4it wuessen d\u00e9i international Schoulen, organis\u00e9iert nom Modell vun den Europaschoulen. Zwee Systemer. Zwou Welten. Mee eng zentral Fro bleift: Wat fir eng Zukunft w\u00eblle mir fir eis Kanner? D\u00e4r Fro geet de Gaston Ternes an d\u00ebser Carte blanche no. <em>carte blanche<\/em>.<\/p>\n<p>Den Nieftenee vun nationalen an internationale Schoule spigelt d\u2019Realit\u00e9it vum Land: m\u00e9i w\u00e9i d\u2019Hallschecht vun den Awunner hunn haut keng l\u00ebtzebuergesch Nationalit\u00e9it. Vill Famillje bleiwen n\u00ebmme kuerz am Land. D\u00e9i international Schoule bidden hei S\u00e9cherheet a Kontinuit\u00e9it.<\/p>\n<p>Mee d\u2019Bild ass m\u00e9i komplex. D\u00e9i national Schoul ass net m\u00e9i dr\u00e4isproocheg, mee v\u00e9iersproocheg: Englesch spillt eng \u00ebmmer m\u00e9i grouss Roll an d\u00e9i Jonk stinn haut virun h\u00e9ijen Erwaardungen a v\u00e9ier Sproochen. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg schw\u00e4tzen \u00ebmmer m\u00e9i Kanner doheem kee L\u00ebtzebuergesch, kee Frans\u00e9isch, keen D\u00e4itsch. Wat als R\u00e4ichtum g\u00ebllt, ka s\u00e9ier zur Barri\u00e8re ginn, wann d'Sprooch d\u2019L\u00e9iere schw\u00e9ier m\u00e9cht.<\/p>\n<p>D\u2019Gr\u00ebnne vu weideren internationale Schoulen ass eng direkt \u00c4ntwert op konkret Besoinen. Mee schafe mir domat net zwee Systemer, d\u00e9i sech \u00ebmmer m\u00e9i w\u00e4it ausernee beweegen?<\/p>\n<p>Muer beg\u00e9inen sech Jonker an de Betriber, Institutiounen a Ver\u00e4iner. Mee fannen se nach eng gemeinsam Sprooch?<\/p>\n<p>Mir stinn haut op enger Schn\u00ebttstell. Loosse mir d\u00e9i zwee Systemer einfach parallel weiderlafen? Oder hu mir de Courage eng gemeinsam Visioun ze schafen, eng Schoul d\u00e9i Br\u00e9cke baut?<\/p>\n<p>Mir brauche Schoulen, wou Kanner aus b\u00e9ide Systemer zesumme l\u00e9ieren a kulturell zesummewuessen. Et geet net dr\u00ebm, d\u00e9i international Schoulen opzel\u00e9isen oder d\u2019\u00ebffentlech Schoul ze kop\u00e9ieren, oder ee vu b\u00e9ide Systemer schlecht ze rieden. Nee, et geet dr\u00ebm d\u00e9i aktuell Trennung opzebriechen: Partenariater t\u00ebschent de Schoule schafen, Sch\u00fcleraustausch-Programmer, eenheetlech L\u00e9ierressourcen a groussen Deeler vum Curriculum. Mathematik, Naturw\u00ebssenschaften, Sport, Konscht oder Musek k\u00e9inten ouni groussen Opwand harmonis\u00e9iert ginn. Ee k\u00e9int vun deem anere senger p\u00e4dagogescher Approche l\u00e9ieren. Jonker aus b\u00e9ide Systemer k\u00e9inten online zesumme schaffen.<\/p>\n<p>A virun allem g\u00ebllt et d\u2019Mobilit\u00e9it t\u00ebscht b\u00e9ide Systemer konsequent opzebauen, ouni Broch, ouni Nodeeler. Et solle kloer Reegelen heifir ginn, w\u00e9i F\u00e4cher aus engem System an dem aneren unerkannt ginn. Et solle Br\u00e9cke gebaut ginn, a b\u00e9id Richtungen, mat Iwwergangsphasen- oder Joren.<\/p>\n<p>Mee et geet \u00ebm m\u00e9i w\u00e9i n\u00ebmmen Educatioun. Et geet \u00ebm de sozialen Zesummenhalt vun eisem Land. D\u2019Schoul ass net n\u00ebmmen eng Plaz fir ze l\u00e9ieren. Si ass dat liewegt H\u00e4erzst\u00e9ck vun eiser Gesellschaft, si soll eng Plaz si wou Kulturen sech beg\u00e9inen. Hei solle Kanner net n\u00ebmme fir sech l\u00e9ieren, mee och mateneen a vuneneen.<\/p>\n<p>D\u2019Zukunft g\u00ebtt an der Schoul geschriwwen. Net muer, net iwwermuer, mee haut.<\/p>\n<audio class=\"wp-audio-shortcode\" id=\"audio-5588-1\" preload=\"none\" style=\"width: 100%;\" controls=\"controls\"><source type=\"audio\/mpeg\" src=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/2025-09-12-Carte-blanche.mp3?_=1\" \/><a href=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/2025-09-12-Carte-blanche.mp3\">http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/2025-09-12-Carte-blanche.mp3<\/a><\/audio>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Au Luxembourg, l\u2019\u00e9cole montre aujourd\u2019hui deux visages. D\u2019un c\u00f4t\u00e9, l\u2019\u00e9cole nationale avec sa tradition trilingue : luxembourgeois, allemand, fran\u00e7ais. De l\u2019autre, les \u00e9coles internationales, organis\u00e9es sur le mod\u00e8le des \u00e9coles europ\u00e9ennes. Deux syst\u00e8mes. Deux mondes. Mais une question centrale demeure : quel avenir voulons-nous pour nos enfants ? C\u2019est \u00e0&#8230;<\/p>","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[34,43,39],"tags":[],"class_list":["post-5588","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-articles","category-diriger","category-enseigner"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5588","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=5588"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5588\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":5589,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5588\/revisions\/5589"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=5588"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=5588"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=5588"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}