{"id":5632,"date":"2026-06-09T18:24:31","date_gmt":"2026-06-09T16:24:31","guid":{"rendered":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/?p=5632"},"modified":"2026-06-09T18:24:31","modified_gmt":"2026-06-09T16:24:31","slug":"carte-blanche-rtl-du-11-mai-2026quand-les-enseignants-sepuisent-lecole-fondamentale-est-perdante","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/carte-blanche-rtl-du-11-mai-2026quand-les-enseignants-sepuisent-lecole-fondamentale-est-perdante\/","title":{"rendered":"Carte blanche: Wann Enseignanten ausbrennen, verl\u00e9iert d\u2019Grondschoul!"},"content":{"rendered":"<p><strong>Carte blanche: Wann d'Enseignanten ausbrennen, da verl\u00e9iert d'Grondschoul<\/strong><\/p>\n<p>Et ass rar, datt an eiser Chamber iwwer d\u2019Parteigrenzen ewech esou vill Eenegkeet besteet: eis Grondschoul steet \u00ebnner Drock. An \u00ebmmer m\u00e9i dacks sinn et d\u2019Enseignanten, d\u00e9i deen Drock bis un hir Limitt spieren. D\u2019Fro ass also net m\u00e9i, ob mir e Problem hunn. D\u2019Fro ass: W\u00e9i verh\u00ebnnere mir, datt \u00ebmmer m\u00e9i L\u00e9ierpersounen de Beruff opginn. D\u00e4r Fro geet de Gaston Ternes an d\u00ebser Carte blanche no.<\/p>\n<p>D\u2019Realit\u00e9it am Klassesall huet sech staark ver\u00e4nnert. D\u2019Roll vum Enseignant ass enorm komplex ginn. Den Enseignant muss haut gl\u00e4ichz\u00e4iteg pedagogesch begleeden, Konflikter l\u00e9isen, Eltere beroden an \u00ebmmer m\u00e9i individuell Besoine ger\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen ass richteg a wichteg. Mee eng inklusiv Schoul dierf net bedeiten, datt een Enseignant eleng alles droe muss. Wa mir et eescht menge mat Inklusioun, da brauche mir m\u00e9i spezialis\u00e9iert \u00cbnnerst\u00ebtzung direkt am Klassesall a s\u00e9ier Prozeduren d\u00e9i net m\u00e9intelaang un administrativen Demarchen h\u00e4nke bleiwen. Dat ass kee Luxus. Dat ass eng Noutwennegkeet.<\/p>\n<p>Eng aner grouss Baustell ass d\u2019B\u00fcrokratie. Vill Enseignanten hunn haut d\u2019Gefill, m\u00e9i Z\u00e4it mat Paperassen ew\u00e9i mat de Kanner ze verbr\u00e9ngen. Digitalis\u00e9ierung eleng l\u00e9ist dat net, besonnesch da wa se just nei administrativ Charg\u00eb schaaft. Wat gebraucht g\u00ebtt, si konkret Entlaaschtungen: Sekretariater fir d\u2019Grondschoul, administrativ \u00cbnnerst\u00ebtzung an eng pedagogesch Organisatioun, d\u00e9i er\u00ebm Z\u00e4it huet, de Fokus op den Unterrecht an op d\u2019Kand ze riichten.<\/p>\n<p>Dob\u00e4i k\u00ebnnt: keng zwou Grondschoulen hunn d\u00e9i selwecht Erausfuerderungen. Wat an enger Gemeng gutt funktion\u00e9iert, passt net automatesch an eng aner. Dow\u00e9inst brauche Schoule m\u00e9i Autonomie an Entscheedungsfr\u00e4iheet am Alldag. Eng professionell Schouldirektioun, mat Mandat a M\u00ebttelen, no bei der Praxis, k\u00e9int vill beweegen a Punkto Entlaaschtung vum L\u00e9ierpersonal an direkt L\u00e9isung vun Defien.<\/p>\n<p>Besonnesch prek\u00e4r bleift och d'Situatioun vun de Charg\u00e9en. Haut hale si grouss Deeler vun eiser Schoul um Liewen. W\u00e9inst Personalmangel, gi m\u00ebttlerweil 25% vun de Stonne vun hinnen iwwerholl. An awer schaffe vill vun hinnen a permanenter Ons\u00e9cherheet, vun engem CDD an deen n\u00e4chsten. Eng Schoul ka net op Dauer stabil sinn, wann een Deel vum Personal vu Joer zu Joer ausgetosch g\u00ebtt.<\/p>\n<p>A mir mussen endlech \u00e9ierlech iwwer d\u2019Aarbechtsrealit\u00e9it vum Enseignant schw\u00e4tzen. Vill vun deem, wat haut qualitativ h\u00e9ichw\u00e4ertegen Unterrecht ausm\u00e9cht, Virbereedung, Evaluatioun, Differenz\u00e9ierung, Teamaarbecht an Eltere Gespr\u00e9icher, geschitt owes oder um Weekend. Dat ass net akzeptabel. Eng modern Schoul brauch och eng ugepassten Definitioun vun der T\u00e2che vum Enseignant.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt keng Wonnerl\u00e9isung. Mee et g\u00ebtt se awer d\u00e9i konkret Pisten. A vl\u00e4icht misste mir ophale permanent nei Reformen unzek\u00ebnnegen, a l\u00e9iwer d\u00e9i bestee\u00ebnd konsequent evalu\u00e9ieren a verbesseren.<\/p>\n<p>Well eng Schoul steet a f\u00e4lt net mat Reformen op Pabeier. Si steet a f\u00e4lt mat de M\u00ebnschen, d\u00e9i all Moien d\u2019Dier vum Klassesall opmaachen.<\/p>\n<audio class=\"wp-audio-shortcode\" id=\"audio-5632-1\" preload=\"none\" style=\"width: 100%;\" controls=\"controls\"><source type=\"audio\/mpeg\" src=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2026\/06\/2026-05-11-Carte-blanche-Ternes-Gaston.mp3?_=1\" \/><a href=\"http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2026\/06\/2026-05-11-Carte-blanche-Ternes-Gaston.mp3\">http:\/\/www.gastonternes.eu\/wp-content\/uploads\/2026\/06\/2026-05-11-Carte-blanche-Ternes-Gaston.mp3<\/a><\/audio>\n<p>&nbsp;<\/p>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Carte blanche : Quand les enseignants s\u2019\u00e9puisent, c\u2019est l\u2019\u00e9cole fondamentale qui est perdante Il est rare qu\u2019au Parlement, un consensus aussi large se d\u00e9gage au-del\u00e0 des clivages politiques : notre \u00e9cole fondamentale est sous pression. Et ce sont de plus en plus souvent les enseignants qui ressentent cette pression jusqu\u2019\u00e0&#8230;<\/p>","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[41,34,43,42,39],"tags":[],"class_list":["post-5632","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-apprendre","category-articles","category-diriger","category-eduquer","category-enseigner"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5632","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=5632"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5632\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":5633,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/5632\/revisions\/5633"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=5632"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=5632"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.gastonternes.eu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=5632"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}